• lu  Lëtzebuergesch
    • en  English (Englesch)
    • fr  Français (Franséisch)
+352 26 78 94-1
Kontaktéiert eis
ExtratimeExtratimeExtratimeExtratime
  • ACCUEIL
  • PHILOSOPHIE
  • EIS SERVICER
    • HAUSHALT/STOT
    • BOTZEN OP UFROO
    • HANDWIERKER/GÄERTNER
    • ASSISTENT
  • HËLLEF
  • KONTACT
  • JOBS
  • ESPACE CLIENT
  • FIRMEN

Handwierker/Gäertner

    Home Handwierker/Gäertner
    • All déi kleng Aarbechten, déi nach ze maache sinn, an nerven?
      Keng Loscht, de Weekend de Wuess ze méien?
      Dir wëllt an Ärem Gaart entspanen, net schaffen?
    • All déi kleng Aarbechten, déi nach ze maache sinn, an nerven?
      Keng Loscht, de Weekend de Wuess ze méien?
      Dir wëllt an Ärem Gaart entspanen, net schaffen?

    Eng eenzeg Kontaktpersoun

    Wat och ëmmer Är Besoine sinn, Är Kontaktpersoun bei Extra Time këmmert sech ëm Iech vum Ufank bis zum Schluss. Si ass domadder beoptragt, ze bestëmmen, wéi eng Aarbechte gemaach musse ginn a mécht Iech den Devis. Si ass och fir d’Organisatioun vun der Interventioun verantwortlech an empfänkt, wann et néideg ass, och d’Intervenanten. Genéisst Dir einfach Äert Doheem an Äre Gaart.

    E Reseau vu Professioneller

    Fir méi spezialiséiert Aarbechte schafft Extra Time mat engem Reseau vu Partner zesummen, déi an hirem Beräich Experte sinn: Usträicher, Elektriker, Chauffagisten, Klempner, Schräiner, Gäertner.

    Eng präzis Aarbecht

    Eis Intervenante gi speziell forméiert, fir doheem bei eise Clienten ze schaffen. Se agéiere mat minimalem Impakt, passen op d’Saachen op a botzen éier se d’Plaz vun der Interventioun verloossen.

    All méiglech Aarbechten

    Ären Homme-à-tout-faire këmmert sech ëm all déi kleng Aarbechten, déi Iech nerven, fir déi Dir awer keng Zäit hutt, fir se selwer ze maachen: Bire wiesselen, de Krunn flécken, deen drëpst, d’Rolllued flécken, déi klemmt, Diere vun de Schief ausriichten, Klensche festschrauwen, Miwwel opbauen, Biller ophänken, d’Filtere vun Ären Apparater auswiesselen oder botzen, de Späicher eidel maachen, op de Sperrmüll goen, d’Terass mam Kärcher propper maachen, de Wuess méien, d’Gaardemiwwelen ënnerhalen, …

    Zwee verschidden Aarte vu Verträg

    Eng Interventioun op Ufro, déi op d’Stonn bezuelt gëtt
    Oder
    E Vertrag fir den Ënnerhalt zu engem fixe Präis. Dës Approche hëlleft, déi néideg Mesuren ze etabléiere fir d’Ofnotzung an d’Gebrauchsspueren sou mann wéi méiglech ze halen an de Wäert vun Ärer Immobilie an Ärem Besëtz ze halen.

    De Carnet d'entretien

    Fir dass Dir ëmmer den Iwwerbléck doriwwer behaalt, wéi eng Aarbechte gemaache goufen, maache mir Iech regelméisseg e Rapport iwwert d’Interventiounen déi duerchgefouert goufen.

    Gäertner

    E Bild ophänken

    D'Bire wiesselen

    Miwwel zesummebauen

    Sech ëm den Electroménager këmmeren

    D'Klensche vun den Diere festschrauwen oder d'Dier vun engem Schaf ausriichten

    Kallek botzen oder Krinn reparéieren

    déi drëpsen

    De Späicher eidel raumen

    Op de Sperrmüll goen

    De Wues méien

    Blieder kieren

    Onkraut ewechmaachen

    Gaardemiwwel botzen an ënnerhalen

    D'Terass mam Kärcher botzen

    Är Piscine botzen an ënnerhalen

    Är Hecken a Beem schneiden

    De Wues vertikutéieren

    Phytosanitäresch Traitementer

    Planzen an amenagéieren

    Handwierker

    ✓

    ✓

    ✓

    ✓

    ✓

    ✓

    ✓

    ✓

    ✓

    Gäertner | BASIC

    ✓

    ✓

    ✓

    ✓

    ✓

    ✓

    ✓

    Gäertner | EXPERT

    ✓

    ✓

    ✓

    En Devis ufroen

    Qualifizéiert Personal, dat vun eis forméiert gëtt.

    E flexibele Vertrag ouni Engagement. Dir kënnt de Vertrag zu all Moment mat engem Preavis vun 8 Deeg (ausser Contrat Cadre) opléisen.

    Eng Rechnung a Funktioun vun den Déngschtleeschtungen, déi Dir an Usproch geholl hutt.

    Zougang zu Ärem Espace Client fir Rechnungen ze verfollegen, ze regléieren an Är Interventiounen ze plangen.

    Eng eenzegaarteg Offer, déi op Iech zougeschneidert ass, fir Är administrativ Aufgaben an d’Organisatioun vun Ärem Alldag.

    De Service ass och fir Selbstänneger, Firmen an hir Clienten erhältlech.

    Falls Dir nach Froen hutt, kontaktéiert eis!

    KONTAKT
    • Copyright © 2017
    • Extra Time
    • 11, Rue Béatrix de Bourbon
    • L-1225 Luxembourg
    • Tél : +352 26 78 94-1
    • Kontaktéiert eis
    • Realisatioun Plugandcom
    • ACCUEIL
    • PHILOSOPHIE
    • EIS SERVICER
      • HAUSHALT/STOT
      • BOTZEN OP UFROO
      • HANDWIERKER/GÄERTNER
      • ASSISTENT
    • HËLLEF
    • KONTACT
    • JOBS
    • ESPACE CLIENT
    • FIRMEN
    • lu  Lëtzebuergesch
      • en  English (Englesch)
      • fr  Français (Franséisch)
    Extratime