Eist Zil ass d’Liewensqualitéit vun eise Clienten ze verbesseren andeems mir hinnen d’Méiglechkeet ginn, eis Aufgaben unzevertrauen, fir déi si keng Zäit hunn oder déi se net maache wëllen.
Extra Time riicht sech u Persounen, déi méi Zäit mat hirer Famill verbrénge wëllen, virhunn, méi vum Liewen ze profitéieren, ze reesen, hiren Hobbyen nogoe wëllen, oder, firwat net, am Beruff weiderkomme wëllen.
Eis Servicer kënnen och vu Firmaen, hire Clienten an Employéeën ugefrot ginn.