• lu  Lëtzebuergesch
    • en  English (Englesch)
    • fr  Français (Franséisch)
+352 26 78 94-1
Kontaktéiert eis
ExtratimeExtratimeExtratimeExtratime
  • ACCUEIL
  • PHILOSOPHIE
  • EIS SERVICER
    • HAUSHALT/STOT
    • BOTZEN OP UFROO
    • HANDWIERKER/GÄERTNER
    • ASSISTENT
  • HËLLEF
  • KONTACT
  • JOBS
  • ESPACE CLIENT
  • FIRMEN

Hëllef

    Home Hëllef

    Dir braucht Hellef fir…

    Wéi funktionéiert et?

    Kontaktéiert Extra Time (26 78 94-1, info@extratime.lu/home-services oder andeems Dir hei op der Säit en Devis ufrot). Meng Kontaktpersoun kuckt sech genee un, wat meng Besoine sinn (wat muss gemaacht ginn, Aarbechtsdauer, wéi eng Zäite passe mir am beschten, …).

    Ech kréien en Devis innerhalb vu 24 Stonnen.

    De Rendezvous fir déi éischt Interventioun gëtt festgeluecht.

    Wéi leeft déi éischt Prestatioun of?

    Eng Persoun vum Büro kënnt mat Ärem/Ärer Intervenant(e) bei Iech heem. Mir leeën zesumme mat Iech déi genee Besoine fest a maachen eng Fiche-Client. Dono fänkt den/d’ Intervenant(e), den Instruktiounen entspriechend, un ze schaffen.

    Gëtt d'Interventioun ëmmer vun der selwechter Persoun duerchgefouert?

    Jo, mir bei Extra Time sinn iwwerzeegt, datt et wichteg ass d’Gewunnechten an d’Preferenze vun engem Client ze kenne fir gutt botzen ze kënnen. Des Weideren dréit et och zum Vertrauen tëscht Client an Intervenant bäi.

    Wat geschitt am Fall vu Krankheet oder Congé?

    Mir schloen Iech sou séier wéi méiglech en Ersatz vir.

    Wat kann ech maachen, wann ech mam Intervenant net zefridde sinn?

    Et geet duer, datt Dir eis urufft fir en Ersatz se fannen oder néideg Verbesserungen duerchzeféieren.

    Muss ech fir eng Interventioun doheem sinn?

    Déi Meeschte vun eise Clientë ginn eis en Zweetschlëssel. Mir versuergen se sou, datt eng Persoun, déi net beoptragt gouf, bei Iech ze goen, Iech net identifizéiere kann.

    Kann ech d'Interventiounen an der Vakanz suspendéieren?

    Jo, dat kënnt Dir maachen, et gi nëmmen déi Déngschtleeschtungen a Rechnung gestallt, déi och duerchgefouert goufen.

    Muss ech d'Material selwer zur Verfügung stellen?

    Mir hunn decidéiert, Är Produkter ze benotzen, fir Är Gewunnechten a Materialien ze respektéieren. Wann et néideg ass, da kënne mir och eis professionell Produkter zu Verfügung stellen.

    Bei wiem sinn d'Intervenanten ugestallt?

    Alleguerten d’Intervenanten si bei Extra Time ugestallt. Mir këmmeren eis och ëm d’Rechnung an dir musst näischt Administratives maachen.

    Wéi ginn d'Intervenante rekrutéiert?

    D’Prozedur mat där mir Leit rekrutéieren ass streng. Mir maachen individuell Entretienen, e prakteschen Test an forméieren d’Intervenanten duerno.

    Sinn d'Intervenante verséchert?

    Alleguerten eis Intervenante sinn deklaréiert a verséchert.

    Wat geschitt bei engem Accident oder wann eppes beschiedegt gëtt?

    Eis Leit si beoptragt eis matzedeelen, wann eppes geschitt ass. Wann dat de Fall ass, kontaktéiere mir Iech esou séier wéi méiglech fir eng Léisung ze fannen, bzw. Iech ze entschiedegen.

    Kann ech d'Interventioune vun de Steieren ofsetzen?

    Alleguerten d’Interventioune kënnt Dir vun Äre Steieren ënnert der Rubrik „frais de domesticité“ bis zu engem Montant vun 3600 € pro Contribuable ofsetzen.

    Wat ass den Espace Client?

    Den Espace Client hëlleft Iech alleguerten Är perséinlech Informatiounen (Adress, Coordonnéeën, …), d’Plange vun den Interventiounen an d’Rechnungen ze geréieren.

     

    Hutt Dir weider Froen?
    Sicht der eng Äntwert an Dir fannt se hei net?

    Kee Problem, kontaktéiert eis einfach

    Aner Fro?

    Eng Äntwert brauchen an du kanns se net uewen ënnert déi fannen?

    Keng Suergen eis Kontaktéiert

    Extra Time stellt an | Schafft bei enger dynamescher Firma an engem Secteur mat Zukunft!

    Sech bewerben
    • Copyright © 2017
    • Extra Time
    • 11, Rue Béatrix de Bourbon
    • L-1225 Luxembourg
    • Tél : +352 26 78 94-1
    • Kontaktéiert eis
    • Realisatioun Plugandcom
    • ACCUEIL
    • PHILOSOPHIE
    • EIS SERVICER
      • HAUSHALT/STOT
      • BOTZEN OP UFROO
      • HANDWIERKER/GÄERTNER
      • ASSISTENT
    • HËLLEF
    • KONTACT
    • JOBS
    • ESPACE CLIENT
    • FIRMEN
    • lu  Lëtzebuergesch
      • en  English (Englesch)
      • fr  Français (Franséisch)
    Extratime